Nicotto Town



みあげたもんだよ夜空のたんご おたんたせって

marzo 28.☀︎ 13/5℃

10111歩
D'Kathedral Notre-Dame zu Lëtzebuerg  Luxembourg

der Stad Lëtzebuerg ass eng réimesch-kathoulesch Kiercham goteschen an neigotesche Stil aus dem 17. an 20. Joerhonnert.

Si ass d'Kierch vun der Äerzdiözes Lëtzebuerg a gehéiert zur Par Lëtzebuerg Notre-Dame, zum Dekanat Lëtzebuerg an zu der Gemeng Lëtzebuerg.

D'Kathedral steet an der Uewerstad tëscht der Ënneschtgaass (rue Notre-Dame) an dem Boulevard F.D.Roosevelt, der N50, an huet zwéin Agäng, en alen Agank (1621) an der Ënneschtgaass an e méi neien (1938) um Parvis laanscht de Boulevard Roosevelt.

Mat hiren dräi spatzen Tierm markéiert se d'Stadbild.

D'Kierch gouf tëscht 1613 a 1621 vun de Jesuitten nieft hirer Schoul, dem Kolléisch, gebaut. Vu 1935 bis 1938 gouf si op déi haiteg Gréisst ausgebaut.

Den Numm Notre-Dame krut d'Kierch 1844, an deem Joer, wou och d'Maîtrise gegrënnt gouf. Zur Kathedral gouf si 1870, wéi Lëtzebuerg zu enger eegener Diözes gouf.

Zanter 1794, dem Joer wou eng Statu vun der Tréischterin am Leed aus der deemoleger Kapell um Glacis heihi bruecht gouf, ass d'Kierch vum 3. bis de 5. Sonndeg no Ouschteren d'Pilgerplaz vun der Muttergottesoktav.

An der Krypta vun der Kathedral sinn eng Kapell mat de Griewer vun de Bëscheef vu Lëtzebuerg an e Raum mat de Griewer an den Urne vun der groussherzoglecher Famill. An der Entrée vun der Krypta steet de Sarkophage vum Jang dem Blannen.

Zanter 1778 ass d'Gebai am Besëtz vun der Stad Lëtzebuerg. De Mobilier gehéiert dem Bistum Lëtzebuerg.





Copyright © 2024 SMILE-LAB Co., Ltd. All Rights Reserved.